
An der Nuecht op e Samschdeg huet d’Police kuerz no Hallefnuecht een Automobilist zu Lëntgen gestoppt, well dee virum Policewon an enger Lénkskéier bal an d’Leitplanke gerannt war. Den Alkoholtest war positiv an de Chauffer huet säi Permis missen ofginn.
Da war e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen op der A13 a Richtung Déifferdeng op der Héicht vum Tunnel Éilereng een Automobilist am Zickzack ënnerwee an huet direkt e puer Mol ouni Grond gebremst. D’Gefier gouf vun der Police gestoppt. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin fort.
D’nämmlecht ass et engem Automobilist an der Stad a Clausen gaangen. Och hie war wéinst sengem Fuerstil opgefall.
Da krut d’Police nach e Samschdeg de Moie géint 6.30 Auer e Chauffer gemellt, dee säi Gefier net méi ënner Kontroll hat an direkt e puer Mol op d’Géigespuer gerode war. Um Wandhaff konnt d’Persoun gestoppt ginn. Och hei war Alkohol am Spill an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et och Alkoholkontrollen, déi vum Parquet ordonéiert waren. Tëscht eng a véier Auer hunn d’Automobiliste missten an der Sortie 1 vun der A13, op der Héicht vun Nidderkäerjeng an zu Nidderkäerjeng an der Avenue de Luxembourg een Alkoholtest maachen. 413 Automobiliste goufe kontrolléiert. A 35 Fäll war den Test positiv, 13 procès-verbaux an 8 avertissements taxés goufe geschriwwen. 14 Permise goufen op der Plaz agezunn.