
D'Zuele vun der südafrikanescher Variant bleiwen also relativ geréng, mä et géing e Risiko bestoen, dass se sech weider verbreet. Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen.
Den ADR-Deputéierte wollt wëssen, ob d'Regierung géing virufueren, dat medezinescht Personal mat AstraZeneca ze impfen, nodeems an Etüden erausfonnt gi wär, dass dëse Vaccin manner effikass ass bei der südafrikanescher Mutatioun.
D'Gesondheetsministesch präziséiert, dass de Comité SAGE (Strategic Advisory Group of Experts) vun der Weltgesondheetsorganisatioun rezent dozou matgedeelt huet, dass een awer weiderhi soll mat AstraZeneca impfen, och a Länner, wou d'Variant present ass. Donieft misst ee sou vill wéi méiglech Echantillone vum Virus sequenzéieren an de Grand-Duché géing dat souwisou scho maachen a seng Capacitéit och nach ausbauen.
Donieft präziséiert d'Paulette Lenert, dass een an enger Situatioun, wou et un Impfstoff feelt, net kéint op AstraZeneca verzichten. Donieft wär dëse Vaccin och effikass, fir schwéier Verleef vun Covid-19 ze verhënneren.