
An deem Sënn sollten d'Verfassung an d'Walgesetz geännert ginn.
Eng weider Petitioun setzt sech fir eng Modifikatioun vum Gesetz iwwert d'Gréisste vun de Plastiksemballagen am Eenzelhandel an.
Donieft huet déi zoustänneg Chamberkommissioun 4 Petitiounen zeréck behalen, déi sech op verschidde Manéiere fir ee Verbuet vu Freedefeier respektiv der Vente vu Rakéiten a Knupperten ausschwätzen. Eng Petitioun, déi zanter haut kann ënnerschriwwe ginn, fuerdert een Adoptiounsrecht och fir Jonggesellen, eng aner fuerdert Wéckelplazen op Härentoiletten oder a geschlechtsneutrale Raim.
Déi am ganzen 18 Petitioune kënne bis de 6. Mäerz um Internetsite ënnerschriwwe ginn. Wann eng Petitioun den néidege Quorum vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht, ka se ëffentlech am Chamberplenum diskutéiert ginn.
Een nächsten ëffentlechen Debat ass iwwregens den 30. Januar. Dee Moment ginn direkt zwou Petitiounen am Parlament diskutéiert. Déi eng fuerdert ee Fëmmverbuet op Terrasse vu Restauranten, déi aner just de Géigendeel. De 6. Februar gëtt et ee weideren Debat public. Dee Moment geet et am Plenum ëm eng Reduktioun vu Plastiksemballagen.