
Wéi et heescht, sinn op der Streck tëscht der Stad an Iechternach aus bis ewell nach onbekannte Grënn zwee Autoe frontal anenee gerannt.
Een vun den zwee Ween gouf bei der Frontalkollisioun widder en drëtt Gefier geschleidert. De Chauffer vum Seat, en 19 Joer jonke Mann vu Jonglënster, ass nach op der Plaz verstuerwen. Den zweeten Automobilist gouf liicht blesséiert, wärend deen drëtte mat engem Schock dovu koum.
D’Streck war fir d’Dauer vun den Opraumaarbechte gespaart. Och de Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.
Wéi de CGDIS matdeelt, waren nieft den Ambulanciere vun Iechternach, de Samu vun Ettelbréck an d’Pompjeeë vun Iechternach a Konsdref um Asaz.