Alkoholkontrollen zu Esch191 Automobiliste hu misse blosen, 13 Tester ware positiv, 3 Permise fort
RTL Lëtzebuerg
D'Police huet d'lescht Nuecht Alkoholkontrollen zu Esch gemaach, déi vum Parquet ordonéiert waren.
Update: 08.12.2025 12:15
An der Rue Belval an an der Sortie vun der A4 hunn 191 Automobiliste misse blosen. An 13 Fäll war den Test positiv, 3 Chaufferen hunn de Führerschäin nach op der Plaz missen ofginn.