OpgepasstCMCM mellt nei Phishing-Attack, Memberskaarte mussen net erneiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Och wann d'CMCM am Moment wierklech eng nei App an Ëmlaf bréngt, handelt et sech bei der Nofro ëm Memberskaarten ëm eng nei Arnaque vun Onéierlechen.
© RTL-Archiv

D'CMCM mécht e Mëttwoch op eng nei Arnaque opmierksam, bei där Onéierlecher versichen, mam Numm vun der Gesellschaft Leit ëm hier Suen ze bréngen. Méi genee gëtt an engem falsche Schreiwes vun de Leit verlaangt, hier Memberskaart ze erneieren an dowéinst Suen ze iwwerweisen.

Déi falsch Noriicht ass op den éischte Bléck bal net vun engem offizielle Communiqué ze ënnerscheeden.
© Screenshot

Wéi d'CMCM an engem Communiqué an op de Soziale Medie präziséiert, handelt et sech dobäi definitiv ëm eng Phishing-Attack. De Message kéint guer net vun der Gesellschaft kommen, well dës Kaarten ni géingen oflafen an och duerfir keng Bezuelung kéint ufalen.

D'CMCM réit weider, op keng vun de Linken ze klicken, kéng perséinlech Donnéeën oder Bankdate weiderzeginn, an och ëmmer den Ofsender ze kontrolléieren.

Op Nofro hin huet d'CMCM och bestätegt, datt si aktuell eng nei App an den Ëmlaf bréngen. Wéinst de ville Versich vun Onéierlechen a leschter Zäit hätte sech scho méi Leit bei hinne gemellt, well si et fir e weidere Versuch vu Bedruch gehalen hätten.

D'App ass awer effektiv vun der Gesellschaft, deemno gëtt aus der "CMCM"-App elo d'"myCMCM"-App. Wéi et vun offizieller Säit heescht, géingen déi Onéierlech warscheinlech genee dëse Moment notzen, fir d'Leit probéieren am Numm vun der CMCM eranzeleeën.

Back to Top
CIM LOGO