Ma de Montant ass vum Revenu vun den Elteren ofhängeg, sou datt vereenzelt Dagesmammen elo wäit manner wéi de Mindestloun kréien.
Als Dagesmamm betreit d’Simone Münstermann normalerweis 7 Kanner. Elo wärend der Pandemie gëtt et fir si finanziell ganz schwéier. D’Kanner dierfen net kommen, d’Part vun den Eltere fält ewech. D’Fra kritt just d'Chèque-Services vum Staat. Ma wat d’Eltere méi verdéngen, wat de Chèque-Service manner bezilt.
"Ech hunn zwou Familljen, wou déi eng Famill guer näischt vum Chèque-Service bäigeluecht kritt. An déi aner Famill kritt 15% bäigeluecht, vun deem, wat ech froen, dat heescht normalerweis droen den Haaptdeel vu mengem Loun d’Elteren."
Deemno verléiert d’Simone hirer Berechnung no am Abrëll knapp 1.700 Euro, 2/3 vun hirem Akommes. Iwwreg bleiwe mol keng 800 Euro. Wäit manner wéi de Mindestloun, dee jo Salariéë garantéiert bleift, wa se elo a Kuerzaarbecht sinn.
"Ech wär wierklech frou, wann de Staat elo géif soen, mir hëllefen den Dageselteren. Net just mat esou engem klengem Betrag, mä e bëssi méi. Ech hu kee Problem, Verloscht ze maachen, mä dat ass wierklech e Verloscht, deen déif an d’Finanzen aschneid."
D’Simone huet elo de Congé pour raisons familiales ugefrot, ma dat ass just fir déi méiglech, déi Kanner ënner 13 Joer hunn. Duerch hire Statut kënnt Kuerzaarbecht fir Dageselteren net a Fro. Beim Educatiounsministère huet een de Problem erkannt. Esou datt och Dageselteren eligibel si fir déi nei annoncéiert Direkthëllef vun 2.500 Euro.
"Dat war eng Zesummenaarbecht mat der Ekonomie. Mir hunn dat esou dra agesat, datt déi Dageselteren, déi en Agrément hunn, déi och e Prestataire Chèque-Service hunn, dass déi kënnen an de Genoss vun den 2.500 Euro kommen, wa se ënner déi Konditioune falen.", esou d'Christiane Meyer.
D’Konditioune sinn, datt se net méi wéi 2,5 Mol de Mindestloun cotiséieren a manner wéi 70% vun hirem Akommes iwwer d’Chèque-Services bezéien. Fir d’Simone bedeit dës Nouvelle mol e virleefegt Opootmen.
"Natierlech wann d’Kris méi laang dauert, ass et vläicht just eng Drëps op de waarme Steen, mä awer ass et scho schéin ze gesinn, dass mir net vergiess ginn."
De Ministère schätzt opgrond vun de Berechnunge vu Januar, datt eng 58 Dageselteren vun der Direkthëllef vun 2.500 Euro profitéiere kënnen, grad esou wéi 9 Persounen, déi en Agrément hunn, awer keng Chèque-Services kréien.