Am Lokalen2 Accidenter mat 4 Blesséierten um Freidegowend

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg den Owend zu 2 Accidenter mat all kéiers 2 Blesséierten.
© RTL Archivbild

Géint 17.30 Auer hat et op der A13, op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz gerabbelt. E puer Autoen hate sech do ze pake kritt. Wéi vill, huet den 112 net präziséiert, ma et goufen 2 Leit blesséiert.

Schonn u Freideg de Moien war op där Streck, op der Héicht Péiteng - Altwis en Accident geschitt, bei deem 2 Leit schwéier blesséiert goufen.

Um 19 Auer ass en Auto um CR347 tëscht Steeën a Scheieren an d'Leitplanke gerannt. De Chauffer hat d'Kontroll iwwert säi Won verluer. Vun den 3 Passagéier am Auto, goufen der 2 liicht verwonnt.

RTL NEWS: Schroen Accident op der A13 - 2 schwéier Blesséierter

Back to Top
CIM LOGO