CGDIS2 Accidenter mat all Kéiers engem Blesséierten um Freideg den Owend
Géint 20.45 Auer ass en Auto tëschent Bungeref an der Bungerëffer Millen accidentéiert.
Zu Ettelbréck si géint 21.30 Auer en Auto an e Bus anenee gerannt. A béide Fäll gouf wéi gesot 1 Persoun verwonnt, wéi de CGDIS mellt.