Am Lokalen2 Accidenter um Freidegowend an ee Feier

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS huet 2 Accidenter gemellt. Deemno ass et trotz gemelltem Glëtz nawell roueg op de Stroosse gewiescht.
© RTL Archivbild

Kuerz viurn 17 Auer e Freidegnomëtteg krute sech an der Stad an der Rue des Pommiers ee Bus an een Auto ze paken. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Zu Féiz an der Rue du Brill sinn um 18.30 Auer zwee Autoe kollidéiert. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

A géint 20.40 Auer huet zu Bettenduerf an der Cité Hanner Zengen e Koup Knascht gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO