Am Lokalen2 Accidenter um Mëttwochowend an eng Rëtsch Bränn

RTL Lëtzebuerg
Zwee Blesséierter gouf et e Mëttwoch den Owend géint 23.30 Auer bei engem Accident um Houwald. Zwee Ween waren aneneegerannt.
© RTL Archivbild

Do virdrun war et um géint 18.20 Auer nach ee Blesséierte bei engem Accident tëscht Nidderkuer a Lasauvage. De CGDIS mellt dann och e puer Bränn.

Tëscht Kautebaach an Nacher hat et kuerz virun 17.30 Auer an engem Bësch gebrannt.

Zu Monnerech hat um 19.30 Auer e Gaardenhaischen Feier gefaangen, zu Esch an an der Stad hu Poubellë gebrannt an tëscht Réid an Aassel huet et géint 21.45 Auer an enger Wiss gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO