CGDIS2 Blesséierter bei 2 Accidenter e Sonndeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg géint 17 Auer sinn tëscht Eschduerf an dem Heischtergronn en Auto en e Moto net laanschtenee komm.

Nieft dem Samu vun Ettelbréck war och nach d’Ambulanz Nordstad op der Plaz grad ewéi d’Pompjeeën Albesch a Wolz. Eng Persoun war bei deem Accident verwonnt ginn.

Quasi ëm déi selwecht Zäit gouf et zu Péiteng an der Rue d’Athus en Accident tëscht 2 Autoen. D’Rettungsdéngschter vu Péiteng waren am Asaz. Eng Persoun gouf blesséiert.

E Méindeg de Moie géint 7.30 Auer ass en Auto um Cents accidentéiert. De Bilan ass ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO