Am Lokalen2 Blesséierter bei 2 Kollisiounen "Auto géint Bam"

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg géint 18.40 Auer war tëscht Bartreng an Dippech en Automobilist mat sengem Gefier an ee Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert, mellt de CGDIS.

Kuerz virun 18 Auer hat och tëscht der Bleesbréck a Bettenduerf ee Chauffeur mat sengem Gefier e Bam ze pake krut. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Tëscht Léisbech a Gräisch war e Sonndeg den Owend géint 17.40 Auer ee Motocyclist mat sengem Maschinn gefall. Et ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO