
Zwee Autoe waren net laanschtenee komm. D’Ambulanz vu Clierf an d’Pompjeeë vu Wolz waren op der Plaz.
Géint 15.30 Auer ass zu Mäerkels an Dellewee a Motocyclist gefall. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D’Ambulanz vu Wolz an d’Pompjeeën aus dem Kiischpelt goufen an den Asaz geruff.
Kuerz viru 16 Auer gouf et op der A1 a Richtung Stad op der Héicht vum Centser Tunnel en Accident tëscht 2 Autoen. Et ass beim Materialschued bliwwen. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz.