CGDIS2 Blesséierter bei Accident op der A13, een dovunner méi schro

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et e Freideg den Owend géint 21.20 Auer en Accident tëscht 2 Gefierer op der A13 tëscht Fréiseng a Munneref.

Ee Won hat sech beim Accident iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen. D'Automobilistin huet nach op der Plaz musse medezinesch behandelt ginn, éier se konnt an d'Spidol gefouert ginn.

De CGDIS schwätzt vun 2 Blesséierten.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Uespelt, Beetebuerg a Munneref, grad wéi de SAMU aus der Stad an d'Ambulanze vu Beetebuerg an Diddeleng.

Wärend deem Accident koum et zu engem weideren Accident op der selwechter Plaz, wou een Auto engem aneren hannendrop gerannt ass. Do blouf et awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO