
Zu Esch/Uelzecht krute sech géint 18.48 Auer um Boulevard Prince Henri 2 Gefierer ze paken, blesséiert gouf hei keen.
Op der N05B vu Péiteng a Richtung Athus sinn 2 Autoe kuerz no 19.30 Auer kollidéiert. 1 Persoun gouf beim Opprall verwonnt.
E weideren Accident gouf et zu Bieles an der Route d'Esch. Hei ass en Auto um 19.48 Auer géint e Potto gerannt. De Bilan sinn 2 Blesséierter.