CGDIS2 Blesséierter no Kichebrand zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend géint 21 Auer hat et an der Rue de Drusenheim an enger Wunneng an der Kiche gebrannt.

2 Persoune goufe bei dem Virfall verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vun Esch, Monnerech a Schëffleng, de Samu an 2 Ambulanze vu Schëffleng.

Op der A3 a Richtung Stad sinn en Dënschdeg de Moien géint 6.20 Auer zwee Autoen anenee geknuppt. Secouristen aus Diddeleng, aus dem Réiserbann an aus Beetebuerg waren op der Plaz, blesséiert gouf awer keen.

Géint 10.45 Auer ass um CR109 tëscht Stengefort a Käerch en Automobilist mat sengem Won an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Zu Béiwen ass ronn eng Stonn méi spéit eng Persoun mam Auto an de Gruef gerutscht, d'Gefier ass op der Kopp an enger klenger Baach leie bliwwen. Och hei gouf ee Blesséierte gemellt.

Back to Top
CIM LOGO