
Kuerz no 17 Auer goufen zwou Persoune blesséiert, wéi op der A6 a Richtung Arel tëscht dem Gaasperecher an dem Zéissenger Kräiz zwee Autoen net laanschtenee koumen. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz.
An an der Rue de Windhof zu Giewel hat nach géint 17.30 Auer e “Gabelstapler” Feier gefaangen. Hei blouf et awer beim Materialschued. Am Asaz waren d’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Stengefort, Koler a Mamer.
Am Laf vum Samschdeg huet den 112 nach eng weider Kollisioun op der N14 tëscht Grolënster an dem Blummendall gemellt. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert an hu misste vun de Rettungsdéngschter vu Jonglënster, Iechternach a Lëntge versuergt ginn.