
Aktuell sinn 72 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.025.856 Impf-Dosisse genotzt. 8.063 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 145,17 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 70,32 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.