Honnertdausende sinn op Hëllef vu Baussen ugewisen. Zwee Lëtzebuerger, de Bram Krips an de Joe Beckius, ware virun zwou Woche mat déi Éischt an der Katastropheregioun. E Samschdeg de Moien goufe se bei hirem Retour an d'Land, ënner anerem vun der Inneministesch Taina Bofferding empfaangen.
De Bram Krips an de Joe Beckius hunn déi lescht zwou Wochen iwwer d'Plattforme emergency.lu deene verschiddenen Agence vun der Vereenten Natioun, der lokaler Regierung an och national an international ONGen, Telekommunikatiounsservicer ugebueden. Um Enn hunn eng 680 verschidden User iwwer d'Satellittenantenn aus Lëtzebuerg konnten mat der Baussewelt telefonéieren, respektiv iwwer Internet Kontakt ophuelen.
De Bram Krips vun emergency.lu erkläert, datt et zimmlech speziell ass, wann een als mat deen Éischten op esou enger Plaz ukënnt. Et ass een eleng an et huet een d'Gefill, an enger Geeschterstad ze sinn. Et huet awer gehollef, well d'Ekipp aus Lëtzebuerg domadder séier konnt duerchginn, wat dohanne gebraucht gëtt an esou konnten déi richteg Hëllefsekippen op d'Plaz kommen.
Massiv Hëllef huet de Mozambique déi lescht zwou Woche gebraucht an d'Land wäert op d'mannst och nach déi nächst 3 Méint op Ënnerstëtzung vu Baussen ugewisen sinn. D'Waasser steet weider an de Felder,d'Awunner vu ganzen Dierfer, hunn alles verluer. Ëmmer méi Fäll u Cholera ginn gemellt, eng 100 Mënsche sinn eleng schonn duerch déi Bakterie gestuerwen. Och hei kann d'Technik aus Lëtzebuerg indirekt Liewe retten, sou de Joe Beckius.
Déi däitsch Kollege vum THW si mat Waasseropbereedungsanlagen op der Plaz. Déi sinn do am Hannerland am Gaangen, fir d'Waasser opzebereeden oder Toiletten opzeriichten. Fir datt si hir Resultater vun den Analyse kënne weiderginn, huet emergency.lu hinnen W-Lan ageriicht.
Déi zwee éischt Lëtzebuerger sinn zeréck aus dem Mozambique. Ma d'Relève ass schonn op der Platz. 3 Mann, déi iwwer Programmer vun de Vereent Natiounen, respektiv der Europäesch Unioun, am Asaz sinn, fir dat d'Katastropheregioun a Kontakt mat der Baussewelt bléift.