
Aktuell sinn 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 905 aktiv Infektiounen. 68.261 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze goufe bis ewell 351.056 Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,83. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.