
Hei gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech en Auto an e Moto ze pake kruten.
Scho méi fréi am Owend, géint 7.30 Auer waren direkt 5 Autoen an en Accident op der Collectrice, am Tunnel Éilereng, a Richtung Schengen verwéckelt. D’Secouriste vu Käerjeng a vu Suessem-Déifferdeng waren hei op der Plaz, fir sech ëm zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.
Eng weider Persoun gouf da verwonnt, wéi kuerz no 20 Auer op der National 19 tëscht Bleesbréck a Bettenduerf en Auto accidentéiert war.
Kuerz virun 8 Auer e Freideg de Moie war de Samu dann eng weider Kéier am Asaz. Dat wéi sech en Auto an e Moto zu Leideleng ze pake kruten.
Kuerz no 9.30 Auer gouf et dann en Autosaccident mat engem Blesséierten an der Rue Atert zu Leideleng.