Feier op engem Bauerenhaff zu Uewerfeelen2 Persoune mat Verdacht op Dampvergëftung hospitaliséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.15 Auer e Méindeg den Owend hat et op engem Bauerenhaff an der Route de Colmar Berg zu Uewerfeelen gebrannt.
© RTL mobile reporter

Wéi d’Police op Nofro hi matgedeelt huet, stoung hei eng eidel Scheier a Flamen. Et ware grouss Flamen a vill Damp ze gesinn.

D’Pompjeeë waren awer séier op der Plaz.

Iwwerdeems heescht et vun der Police, dass zwou Persoune wéinst dem Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol kommen.

D’Route de Colmar-Berg war wärend de Läschaarbechte fir den Trafic gespaart.

Am Asaz waren zwou Ambulanze vum Asazzenter Nordstad, grad ewéi d’Pompjeeën Nordstad, Feelen a Mäerzeg.

Back to Top
CIM LOGO