
Dës Persoun géing sech an engem Hotel zu Péiteng ophalen. Bei der spéiderer Iwwerpréiwung am Etablissement gouf awer net déi gemellte Persoun fonnt, ma 2 Onbekannter, déi sech net ausweise konnten.
Bei der Kontroll gouf e benotzt Joint fonnt, eng héich Zomm Boergeld an e puer Bulle Kokain.
Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Verdächteg wéinst dréngendem Verdacht op Drogenhandel festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel ausgeschwat a béid Männer koumen op Schraasseg. D’Suen an enger Gesamthéicht vun 21.605 Euro, 279 Gramm Kokain an en Handy goufe séchergestallt.
