Konjunkturflash vum Statec2. Semester gutt iwwerstan; Suerge wéinst Neiinfektiounen an Inflatiounswell

RTL Lëtzebuerg
Dem Statec no huet d'Wirtschaft zu Lëtzebuerg dat 2. Semester vum Joer 2021 gutt gemeeschtert an dierft am ganze Joer en héije Wuesstem registréieren.
© Statec

Et gi sech awer Suerge gemaach wéinst engem warscheinleche Plus bei de Covid-Fäll. Derbäi kënnt eng nei Inflatiounswell bedéngt duerch héich Energiepräisser.

Fir de Finanzsecteur war eng gënschteg Entwécklung vun den Aktiemäert dëst Joer e positiivt Signal. Och de Lëtzebuerger PIB dierft an der zweeter Hallschent vum Joer weider wuessen a kéint am ganze Joer bis op iwwer 6 Prozent klammen. Allerdéngs ass esou een héije Wuesstem am Joer 2021 gréisstendeels op déi duerch d'Kris verursaacht Baisse am Joer 2020 zréckzeféieren, och wann dës zu Lëtzebuerg manner markant war wéi an der gesamter Eurozon.
Déi nächst Indextranche dierft fir Enn d’nächst Joer oder am éischte Semester 2023 sinn.

Fannt hei dee komplette Communiqué vum Statec.

Back to Top
CIM LOGO