
Aktuell sinn 78 Persounen hospitaliséiert, dovunner 15 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.947 aktiv Infektiounen an 51.290 Persoune gëllen als geheelt.
777 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 614 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 34.760 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.