Creditreform2019 esou vill Faillitten zu Lëtzebuerg wéi nach ni virdrun

RTL Lëtzebuerg
Ganzer 1.263 Mol hunn Entreprisen dat lescht Joer zu Lëtzebuerg misste Faillite umellen.

Dat ass ee Plus vu 5,7% an et sinn der esou vill, wéi nach virdrun.

Wat opfält ass, dass nees besonnesch Entreprise betraff waren, déi et schonn iwwer 5 Joer gouf. Déi meescht Firmen, déi zou hu misse maachen, waren am Déngschtleeschtungssecteur aktiv. Och am Bau ass d'Zuel vun de Faillitte geklommen.

Och fir dëst Joer geet ee vun engem héijen Niveau bei der Zuel vu Faillitten zu Lëtzebuerg aus.

PDF: De Communiqué vu Creditreform

Back to Top
CIM LOGO