Yves Nosbusch2019 wäert et keng weltwäit Rezessioun ginn

Maxime Gillen
2019 dierft een an der Eurozon mat enger Croissance vun 1,4% rechnen.

2019 wäert et keng weltwäit Rezessioun ginn. Dat seet de Chef-Ekonomist vu BGL BNP Paribas, Yves Nosbusch. Hire Prognosen no géif de Wuesstem 2019 zwar manner héich ausfalen, ma well 2018 en aussergewéinlech gutt Joer war, dierft een dëst Joer bannent der Eurozon ëmmer nach mat 1,4 Prozent Croissance rechnen.

Keng Rezessioun am Joer 2019 - Reportage Maxime Gillen

Nodeems d’Coursen op de Bourssen Enn lescht Joer deels massiv agebrach sinn, gouf dat plazeweis als Virzeeche fir eng nächst Rezessioun interpretéiert. Dem Yves Nosbusch no, géif et aner, méi fiabel Indice gi fir eng Rezessioun virauszesoen.  Et géifen eng ganz Rei Indicateure ginn, déi ee misst am a halen. Do wieren d'Evolutioun vum Chômage oder d'Zeréckbezuele vu Kreditter bei Entreprisen déi wichteg wieren.

Hirer Prognosen no géif de Wuesstem an der Eurozon vu lescht Joer 1,9 Prozent op 1,4 Prozent fir 2019 falen. An den USA géif d’Croissance deemno vun 2,2 op 1,7 Prozent zeréck goen. Dem Yves Nosbusch no, wier dat awer e ganz normale Prozess.

Et hätt eng ganz gutt Period gehat, wou staarkt Croissance war an dat wier et och normal, dass ee vun engem gewëssene Punkt un net méi sou staark wiisst.

Wéi all Prognosen ass och dës mat Virsiicht ze genéissen. Sécher ass just, dass fréier oder spéider eng Rezessioun kënnt. Wéi schlëmm dës gëtt hänkt dann och dovun of, wéi gutt déi eenzel Länner dorop preparéiert sinn.

Back to Top
CIM LOGO