
Ongedëlleg hunn déi meescht vun eis op de Vaccin gewaart. Mëtt Juli louch den Impftaux zu Lëtzebuerg bei der Gesamtpopulatioun bei 64 Prozent. Zanterhier geet et nëmme lues virun. Den Toun vun der Politik huet geännert, och an der Gesellschaft deet sech en déiwe Gruef op.
2021 – E Joer, dat vun Impfen an Teste bestëmmt gouf. De Réckbléck vum Raphaëlle Dickes.
