
246 Mol koum et zu enger vum Parquet ordonnéierter Expulsioun vum Täter oder der Täterin.
Déi Zuele goufen en Donneschdeg vun der Ministesch fir d’Gläichheet tëscht Mann a Fra an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt.
An den allermeeschte Fäll wieren et Situatioune gewiescht, an deene eng Koppel Kaméidi matenee krut. Opfälleg ass och, dass 56% vun den Täter, déi méi wéi eemol opfälleg gi sinn, net op engem Rendez-vous, fir sech hëllefen ze loossen, opgedaucht sinn. Dat aktuellt Gesetz gesäit an esou Fäll awer keng Strofe vir. Et gëtt nëmmen e Rapport un de Parquet geschéckt.