D'Commercialisatioun vun de sougenannten "Israel Bonds" gëtt net verlängert, dat sot de Finanzminister Gilles Roth en Dënschdeg de Owend op der Tëlee, nodeems Amnesty International op en Neits géint déi ëmstridde Staatsemprunte vun der israeelescher Regierung protestéiert hat, déi zanter dem 1. September zejoert via Lëtzebuerg an der ganzer EU kënnen ugebuede ginn. Kritiker reprochéieren den Autoritéiten domadder zum Kompliz ze gi vu Krichsverbriechen. Firwat huet d'CSSF elo decidéiert, den Emprunt op den 31. August auslafen ze loossen? A géif d'Lëtzebuerger Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur haut anescht handelen? Ënnert anerem dat froe mer de Generaldirekter vun der CSSF Claude Marx um 8 Auer. Hien ass eisen "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.