D'Versuergung mat Pëtrol zu Lëtzebuerg ass zwar ugespaant, mä trotz dem niddrege Waasserpeegel um Rhäin ass d'Versuergung vum Land momentan assuréiert. An der aktueller Situatioun kann et awer ëmmer nees virkommen, dass verschidden Tankstellen temporär verschidde Produiten net offréiere kënnen.
Dat schreift de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles en Dënschdeg als Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.
Aktuell ass den Niveau vum Waasser um Rhäin duerch d'Dréchent extrem niddereg an doduerch ass d'Schëfffaart um Rhäin an op der Musel staark limitéiert. Fir weiderhin hir Clientë mat Pëtrolsproduite beliwweren ze kënnen, hunn déi Importateuren, déi virdrun deelweis iwwer d'Musel beliwwert gi sinn, hir Liwwerketten missten upassen.
D'lescht Woch war dat effektiv de Fall fir een Acteur, deen temporär bis zu 10 Tankstellen net beliwwere konnt. Zanter Ufank dëser Woch huet sech d'Versuergungssituatioun vun deem Acteur awer nees verbessert.