
Dat geet aus dem Joresrapport ervir, deen d’CNS e Freideg publizéiert huet. An dësem steet, dass d’Assurance Maladie-Maternité zejoert en Defizit vun 41,6 Milliounen € gemaach huet.
Dat ass zwar liicht manner wéi 2021, do louch den Defizit bei 55,7 Milliounen €. 2020 war e mat 12,4 Milliounen allerdéngs däitlech méi niddereg.
D’Recetten an d’Depense vun der Assurance Maladie-Maternité belafe sech op méi ewéi 4,5 Milliarden €.Bei der Assurance-Dependance sinn d’Zuele schwaarz: D’läscht Joer gouf et e Plus vun 31 Milliounen. D’Recetten an Depensen leien hei bei ronn 950 Milliounen €.
Bei deem Defizit kann ee sech natierlech froen, wéien Impakt de Plafonnement vun de Cotisatiounen op fënnef Mol de Mindestloun bei den décke Paien op d’Finanze vun der Gesondheetskeess huet? Dozou gëtt et ganz aktuell Chifferen aus enger Äntwert vum Sozialversécherungsminister Claude Haagen op eng parlamentaresch Fro vun der Myriam Chechetti vun déi Lénk.
D’lescht Joer huet de Plaffong vun de Cotisatiounen bei ronn 35.000 Affiliéierten vun der CNS gegraff. Dat heescht, si verdéngen am Fong méi wéi 5 Mol de Mindestloun, mä cotiséieren duerch de Plafonnement net méi. Bannent véier Joer ass déi Zuel ëm 15,6 Prozent an d’Luucht gaangen. Et kommen also Leit bei, déi méi verdéngen. Hiren Undeel an der Masse vun den Alliéierten insgesamt bleift awer konstant bei ëm déi fënnef Prozent.
Den theoretesche Manque à gagner duerch de Plafonnement géing domat am Verhältnis zu de Recetten och bei tëscht siwen oder aacht Prozent stabel bleiwen. An Zuelen ausgedréckt wieren dat zejoert 290 Milliounen Euro gewiescht. Den Defizit d’lescht Joer louch wéi gesot bei 41,6 Milliounen.