
Sou goufen zejoert nëmmen eng 1.000 nei Eefamilljenhaiser autoriséiert, dat waren der 400 manner, wéi nach am Vergläichsjoer 2019 schreift de Statec - also eng Baisse vu ronn engem Drëttel.
De Bau vun Appartementshaiser goung am Verglach ëm knapp e Véierel zeréck, wat eng 700 Residenzen duerstellt, déi manner gebaut goufen.
Der Analys vum Statec no gouf et déi meeschten Autorisatiounen um Territoire vun der Stater Gemeng an am Kanton Esch, iwwerdeem déi wéinegst laanscht d’Musel an am Oste vum Land ausgestallt goufen.
Ee Chiffer nach fir d’persistent Baisse am Bausecteur ze beleeën: 2019 gouf erlaabt, op 2 Millioune Metercarré ze bauen - zejoert war et nach eng Surface vun 1,1 Millioune Metercarré - deemno e Réckgang vu 44 %.