Am August205 Persounen hunn eng international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht vun hinne stamen aus Syrien, Eritrea an Afghanistan, dat deelt den Immigratiounsministère e Méindeg mat.

101 Persoune kruten de leschte Mount de Flüchtlingsstatut unerkannt, vun 172 Decisiounen am Ganzen. 15 Leit goufen iwwert den Dublin-System an en anert europäescht Land zréckgeschéckt, eng Persoun koum iwwert dee selwechten an de Grand-Duché. 15 Demandeure vun enger internationaler Protektioun goufen an e Land baussent der EU zréckgeschéckt am August, eng fräiwëlleg an eng forcéiert.

155 Flüchtlingen aus der Ukrain hunn eng temporär Protektioun ugefrot am August, iwwerdeems 6 Leit d’Demande zréckgezunn hunn. 145 Leit aus der Ukrain kruten d’temporär Protektioun accordéiert am August, 35 Leit krute se refuséiert. Am Ganzen hu ronn 4.450 Ukrainer zanter Ufank vun der russescher Invasioun Enn Februar esou eng Demande gemaach. En Deel vun hinnen ass antëscht schonn zeréck an hir Heemescht.

PDF: Statistiques protection internationale

Back to Top
CIM LOGO