
Am Dezember 2018 huet Direktioun vun der Santé eng Commande gemaach, dat nodeems 3 Offere vu verschiddene Produzenten ugefrot. Bei den Offere gouf virun allem Produktiouns- a Qualitéitscritèren opgepasst, ma och d'Liwwerméiglechkeeten an de Präis gouf hei consideréiert. Schlussendlech ass d'Wiel op e kanadesche Produzent gefall. Hei goufen am ganzen 20 Kilogramm fir ronn 50.000€ akaaft, dat an 3 verschiddenen Zorten an deenen d'THC- a CBD-Wäerter ënnerschiddlech verdeelt sinn.
An de nächste Woche gëtt dann och eng europäesch Ausschreiwung gemaach, dat fir nach eemol eng Commande fir 3 Ueleg-Zorte kënnen ze maachen. Dëse Fournisseur oder Fournisseure solle Lëtzebuerg da bis Enn 2020 mat Produite beliwweren.
Obwuel een d'Modeller an der Nopeschlänner analyséiert huet, géifen et, wat de medezinesche Cannabis betrëfft, keng bilateral Accorde ginn, dat well all Land heiranner eng aner Gesetzgebung huet. Bei rekreative Cannabis wär een och a Gespréicher mat anere Länner a géif an enkem Kontakt mat Holland a Kanada stoen.
Informatiounen aus dëse Gespréicher géifen et nach keng ginn, dat well am Koalitiounsaccord steet, dass elo emol eng Analyse vun enger Legaliséierung zu Lëtzebuerg misst op en Enn bréngen. Dës wier och elo am Gaangen. Wéi et weider an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro vun de Piraten heescht, ass et virgesinn eng staatlech Agence fir Cannabis zu Lëtzebuerg anzeféieren, dat fir de rekreative Cannabis.