OGBL an NGL-Snep deele mat21 Aarbechtsplaze betraff: FB Groupe hält op

RTL Lëtzebuerg
D'Firma "FB Groupe" hält op an et gouf e Sozialplang ënnerschriwwen. Dat deelen d'Gewerkschaften OGBL an NGL-Snep mat.
© Domingos Oliveira / RTL

D’Filial vun der belscher Contructiounsfirma Willy Naessens huet an der Escher a Schëfflenger Industriezon Monkeler Betonsdalle produzéiert.

Am Ganze sinn 21 Aarbechtsplaze betraff. Fënnef Leit kéinte fréizäiteg an d’Pensioun goen a sechs Mataarbechter kéimen anerwäerts am Grupp ënner, heescht et an engem Communiqué. Et goufen Indemnitéiten ausgehandelt.

© Domingos Oliveira / RTL

Communiqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO