D'Stroosseschëlter stinn awer schonn zanter bal engem Joer, fir dass d’Awunner sech dru gewinne kënnen. An ëmgewinnen, muss sech och de Marc Thill. Hien ass Bréifdréier a schafft zanter e Méindeg mat den neien Adressen. E Changement, dat hie begréisst. Virun allem fir Liwwerdéngschter oder Ersatz-Bréifdréier, déi net kënneg sinn, wier et elo méi einfach, sech erëmzefannen. Iwwert déi lescht Wochen huet d’Post sech op de Wiessel vun den alen op déi nei Adresse virbereet. Fir dass awer alles richteg iwwer d’Bühn geet, mussen och d’Awunner drun denken, wierklech iwwerall hir nei Adress unzeginn. Dofir schafft d’Post aktuell nach mat zwou Adressen: déi al an déi nei.
E groussen Opwand also – och fir déi Leit, déi an der Maison 85 sëtzen: d’Gemeng vu Wëntger. Zanter ronn 15 Joer gëtt hei un deem Projet geschafft. Ëmmer erëm lant den Dossier awer am Tirang. De Gemengesekretär Paul Schroeder dierft et freeën, dass et elo quasi gepackt ass. Hien huet ënnert anerem no den neie Stroossennimm gesicht. Eng "laangwiereg Affär", wéi hie seet. Et wieren ëmmer erëm nei Elementer erakomm, wéi zum Beispill d’Grammaire, déi huet misse geännert ginn oder Dialekter aus de verschiddenen Dierfer, déi an der Schreifweis respektéiert gi sinn. Trotzdeem wier et spannend an interessant gewiescht, un deem Dossier mat ze schaffen.
27 Dierfer hunn also elo Stroossennimm, zum Deel Nimm, déi schonn esou am Gebrauch waren. Mat de Propose fir déi nei Stroossennimm war awer net ëmmer jidderee frou. Méi wéi eng Kéier huet d’Gemeng an deem ganze Prozess Bezeechnunge missen änneren. Wéi zum Beispill an engem Fall, wou d’Awunner net wollten "Op der Strooss" wunnen. Elo ass dat d’Haaptstrooss.