
Méi wéi all fënneften auslännesche Resident am Grand-Duché hat sech fir d'Gemengewalen am Oktober 2017 ageschriwwen. Dat waren eng 35.000 Persoune mat 134 verschiddenen Nationalitéiten.
De Cefis, de Centre d'étude et de formation interculturelles et sociales, huet dës Chiffere verëffentlecht a präziséiert doranner och, ënnert anerem, aus wéi enge Länner dës Wieler kommen. De Gros vun hinnen, bësse méi wéi 31.000 Leit, koumen aus engem EU Memberland, op éischter Plaz Portugal, duerno Frankräich an Italien. 3.350 Wieler koumen aus engem Land, dat net Member an der Europäescher Unioun ass, virop de Montenegro, de Cap Vert, Serbien, d'USA a China.
270 auslännesch Residenten hate selwer kandidéiert. Vun hinne goufe 15 Persoune gewielt, 1,3 Prozent vun all de Leit, déi e Mandat kruten.