
Beim Accident, dat géint 14 Auer e Mëttwoch de Mëtteg geschitt ass, ass en 23 Joer ale Motorradschauffer vu Welleschten trotz Éischtversuergung nach op der Plaz u senge schwéiere Blessure gestuerwen.
Op der Plaz war de Miess- an Erkennungsdéngscht, dee mat den Ermëttlungen, fir déi genee Ursaach vum Accident erauszefannen, beoptraagt gouf. D’Streck war fir d’Dauer vun de Rettungsaarbechte fir de Verkéier gespaart.