RTL, 1. Informatiounsquell23 Millioune Visitten am Mäerz

RTL Lëtzebuerg
De Mount Mäerz war weltwäit eng ganz schwiereg Zäit. Eng Zäit, wou d’Informatioun un 1. Stell stoung. Dat weisen och déi rezent Zuele vun den RTL-Sitten.

Zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris hunn d’RTL-Sitten, RTL.lu, RTL 5 minutes an RTL Today, méi wéi 23 Millioune Visitte (23.006.117) gezielt an et goufe bal 130 Millioune Säite (129.708.203) gekuckt. D’Zuel vun de Visitte gouf mat enger Hausse vun 225 % méi wéi verduebelt am Verglach zum Februar 2020 a bal verdräifacht am Verglach zum Mäerz 2019 (8.835.255 Visitten).

Wat déi gekuckte Säiten op deem lëtzebuergeschen, franséischen an englesche Site betrëfft, gëtt et och eng Erhéijung vun 185 % am Verglach zum Februar 2020.

Dës Zuele si gréisstendeels op de Liveticker "Coronavirus" zeréckzeféieren, deen op deenen dräi RTL-Sitten ageleet gouf. Op dëse Liveticker goufe 4.000 Kuerznoriichten an 1.500 Artikele publizéiert.

All d’Ekippe vun RTL soen Iech Merci fir Äert Vertrauen a si weider fir Iech do.

#zesummendoheem

#bleiftgesond

#bleiftinformeiert

#mirsifiriechdo

Back to Top
CIM LOGO