Äntwert op parlamentaresch Fro243 Jonker konnte vun neiem Delai fir Léierplaze-Sich profitéieren

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der sanitärer Kris hat d'Regierung jo decidéiert, dass den Delai am Lyçée, fir eng Léierplaz ze fannen, zejoert ëm 1 Mount no hanne verréckelt gouf.

Dat op den 31. Dezember.

Den CSV-Deputéierten Marc Spautz wollt an enger parlamentarescher Fro vun der Regierung wëssen, wat dat da schlussendlech bruecht huet.

Um Datum vum 2. November d'lescht Joer hätten, den Zuele vun der Adem no, nach 463 Jonker eng Léierplaz gesicht.

Bis de 4. Januar hätten der 243 dovu kënnen dervun profitéieren, dass den Datum verréckelt gouf, fir nach eng Plaz ze fannen, schreiwen d'Ministere Meisch a Kersch an hirer Äntwert.

177 Betraffener hätten deemno keng Plaz fonnt, vun deenen Eenzeler aus diverse Grënn opgehal hätten, anerer hätte sech vun der Adem hëllefe gelooss, a vill Jonker aus dem éischte Léier-Joer wieren a Programmer vum CNFPC integréiert ginn.

107 Jonker waren esou beispillsweis Enn Mäerz am Programm " Fit-4-Léier" ageschriwwen, wou se och permanent suivéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO