25 Covid-19-Patienten am Kolpecher Schlass a Behandlung
Aus de 4 Spideeler Kierchbierg, Stad, Esch an Ettelbréck komme si no enger éischter Phas fir d'Suite vun der Therapie bei d'Rout Kräiz.
Aktuell konnten och schonn iwwer 10 Persounen de Site geheelt verloossen. Kolpech huet eng Kapazitéit vun 80 Better. Quasi all Dag géifen et nei Admissioune ginn.