
Wéi d'Police e Mëttwoch den Owend matdeelt, gouf am fréien Owend d'Läich vun der vermësster Persoun fonnt, dat an der Géigend vun engem Feldwee zu Biwels.
De Parquet gouf iwwert de Fait informéiert. Fir d'Doudesursaach ze klären, gouf säitens dem Parquet eng Obduktioun ugefrot.

D'Affer hat sengen Eltere gesot, hie géif op Namur plënneren, wou hien eng Studentewunneng gelount hätt. Ma zanterhier huet all Spur vum jonke Mann gefeelt an iwwer d'Police gouf eng Vermësstemeldung erausginn.
Och d'Police aus der Belsch war informéiert an hat och nom jonke Mann aus dem Norde vu Lëtzebuerg gesicht.