Am Kader vun internationaler Campagne "Truck & Bus"27 Protokoller géint Camions- a Buschaufferen ausgestallt

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der internationaler Campagne "Truck & Bus" huet d'Police vum 19. bis de 25. Februar primär Camions- a Buschauffere bei Kontrolle viséiert.
© RTL Archivbild

Dobäi gouf et insgesamt 27 Protokoller, dorënner 9, well géint Rouzäite verstouss gouf oder et Mängel bei den Tachographe gouf. 10 Chauffere kruten e Protokoll, well si d’Transitstreck ouni Erlabnes verlooss hunn a bei 7 Camione war d’Charge net adequat geséchert. An engem Fall hat e Chauffer net déi obligatoresch Eurovignette dobäi.

Back to Top
CIM LOGO