
Dës Zuel huet d'Estimatioune vum Gesondheetsministère iwwertraff, wou ee vun enge ronn 200 Patienten ausgaange war.
D'Stocke vun deem Cannabis si fir den Ament limitéiert a prioritär kréie Patienten dëst Medikament, déi an engem Traitement dra sinn.
Fir datt elo net nach mussen d'Cannabis-Fournisseure changéiert ginn, huet de Gesondheetsministère en oppenen europawäite Marché public ausgeschriwwen an do ass d'Decisioun gefall an zwar op d'kanadesch Firma Canopy Growth, déi am Ontario produzéiert a weltwäit déi gréisst Firma a genee deem doten Domaine vun den therapeuteschen Cannabinioden ass - an der Haaptsaach schwätze mer vun Dronabinol a CBD, déi ewell a Länner wéi Däitschland, Éisträich an Dänemark bei zeg dausende schwéierkranke Patienten agesat ginn. Ëmmerhi schwätze mer vun engem Ëmsaz vun iwwer 80 Millioune kanadeschen Dollar d'Joer, enger jonker Firma, déi eréischt viru 5 Joer gegrënnt gouf, mee och ewell Sitten an Däitschland iwwerholl huet. Canapy Growth sinn iwwregens och déi éischt Cannabis-Produzenten, déi op der New Yorker Bourse kotéiert sinn.
Souwäit zu de Firmen-Fakten. Vun e Sonndeg u gëllt dee Marché an dat mat enger Lafzäit bis Enn d'nächst Joer.
D'Liwwerung vun de Cannabisbléie gëtt bannent den nächsten 10 Deeg erwaart. Fir Ueleger ze bestellen, gëtt elo eng Commande bannent enger procédure négociée gemaach.