Joresrapport vun infektiéise Krankheeten275 Fäll vum Rotavirus musse méi genee analyséiert ginn

Diana Hoffmann
En neie System, wéi infektiéis Krankheeten zu Lëtzebuerg erfaasst ginn, soll an Zukunft méi konkret Schlëss zouloossen.
Joresrapport vun infektiéise Krankheeten
275 Fäll vum Rotavirus, musse méi genee analyséiert ginn

Nodeems een 180 Joer probéiert hätt, hätt een elo eppes, wat geet, sot den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit. Hie verweist domat op déi nei Datebank zu den infektiéise Krankheeten, aus där en Dënschdeg Mëtteg Resultater presentéiert goufen. 2019 gouf d’Manéier reforméiert, wéi eng Donnéeën iwwer transmissibel Krankheeten d’Doktere musse bei der Santé mëllen. 2020 sinn da Richtlinne fir d’Laboratoiren dobäikomm.

Well de System virdrun net gutt genuch funktionéiert hätt, an Doktere reegelméisseg just hallefhäerzeg matgemaach hätten, hunn déi meescht Donnéeë bis elo gefeelt. Wou d’Datebank da sollt 2020 richteg ulafen, koum Covid dotëscht. D’Prioritéite goufen domat deels anerer wéi d’Datenerhiewung.

En Dënschdeg gouf deemno méi den Ist-Zoustand presentéiert, wéi d’Evaluatioun vu bestëmmten infektiéise Krankheete gemaach. De Rotavirus war zum Beispill eng Krankheet, wou een dat lescht Joer vill Fäll gesinn hätt, seet den Jean-Claude Schmit. 275 Leit hate sech laut Statistik infizéiert. D’Altersmoyenne louch bei 10 Joer an d’Symptomer ware majoritär Duerchfall. 2021 waren et 92 Fäll, déi registréiert goufen. An Zukunft wiere méi Analysen néideg, fir déi kleng Epidemien ze verstoen, sou den Dokter Jean-Claude Schmit. Et misst ee kucken, ob d’Leit geimpft waren, an erausfannen, ob de Vaccin effikass war.

Fir vill Opmierksamkeet gesuergt hunn dann zejoert och déi sougenannte MPox. Vun der sexuell oder an enkem Kontakt iwwerdrobarer Krankheet ware 57 Persoune concernéiert. Dorënner eng Fra an ee Kand. Géint d’Krankheet gëtt et awer eng Impfung, soudass ee sech bei der Santé net all ze vill Suerge fir d’Zukunft mécht.

Impfunge féieren dozou, dass verschidde Krankheeten iergendwa bal net méi dierften optauchen, sou de Medezinner. Zu dëse Krankheeten zielen zum Beispill d’Méningocoquen, vun deene just zwee Fäll gezielt goufen. Fäll vun der Diphtérie, d’Riedelen oder Polio goufen et keng. Pneumocoquen dogéint 61. “Mer hate bis elo e gudden Taux de vaccination bei de Kanner, mä d’Leit ginn ëmmer méi skeptesch vis-à-vis vu Vaccinen”, ënnersträicht den Direkter vun der Santé. Engersäits erkläert hie sech dëst doduerch, dass d’Vertrauen an d’Wëssenschaft erofgeet. Anersäits kéinten et och d’Suitte vum Succès vum Vaccin sinn. Wann et bal keng Fäll méi ginn, gesinn d’Leit méiglecherweis éischter vun enger Impfung of.

Bei der Santé huet een dann d’Impressioun, dass d’Zuel vun de sexuell iwwerdrobare Geschlechtskrankheete wéi Chlamydien an d’Gonorrhoe an d’Luucht gaangen ass. Déi genee Evaluatioun kann een awer net opzeechnen, wëll d’Donnéeën, déi iwwer d’Joren erfaasst goufen dat net hierginn. Zejoert goufen 1.530 nei Fäll vun de Chlamydien registréiert. 476 nei Fäll waren et vun der Gonorrhoe. Dofir hätt ee viru kuerzem nach eng Campagne fir d’Benotze vu Kondomer gemaach. Och beim HIV géing et esou ausgesinn, dass et e bëssi méi Fäll ginn. Hei misst och nach d’Analysen zesumme mam Aidscomité gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO