
Tëscht dem 4. an 10. Juli louch d’Zuel vu positiv geteste Persoune bei ronn 5.600. Dat geet aus dem Wochebilan vun der Santé ervir.28 Persoune waren an der Woch vum 4. op den 10. Juni Woch wéinst Covid-19 hospitaliséiert. Am Verglach: d’Woch virdru waren et der 19. Allerdéngs huet kee Patient missen op der Intensivstatioun traitéiert ginn. D’Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Leit louch bei 58 Joer.