
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 28 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.769. Vun de confirméierte Fäll sinn der 3.050 Residenten.
Vun den 3.769 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.134 geheelt, 546 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 41.758 Tester gemaach. Zanter en Dënschdeg waren et der 2.017 an dovunner waren der 28 positiv.
Aktuell sinn 136 (+5) Patienten hospitaliséiert, 21 (+2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 810 (+6) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

