Garerquartier28 Polizisten an Drogenhond bei Drogerazzia am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Bei 23 Persounen huet de Mupp ugeschloen, déi all kontrolléiert goufen. 3 Leit goufe vun der Police verhaft.

Souwuel an der aler Avenue wéi och an der Stroossbuerger Strooss waren déi 28 Polizisten am Asaz géint den Drogemilieu.

Operatioun "Hazeldonk": 11 Leit mat Drogen goufen op der Gare zu Rodange gepëtzt

Am Kader vun der internationaler Operatioun "Hazeldonk" hat d’Police e Freideg op der Gare zu Rodange verstäerkt Kontrollen duerchgefouert.

Eng 40 Polizisten an Douanieren haten 8 Zich a 7 Bussen an der Lutte géint d'Drogekriminalitéit kontrolléiert.

11 Leit, déi Drogen bei sech oder geholl haten, goufe gepëtzt an eenzel Quantitéite vun Haschisch, Kokain oder Heroin goufen och saiséiert.

Zwee sougenannte Bodypacker an eng weider Persoun, déi méi Heroin-Bulle bei sech hat, goufe festgeholl a koume virun en Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO